Menu

Chambre des Députés

30. janvier 2007

Chambre des Députés

30.01.2007

Question parlementaire dans la Chambre des Députés

Lisez ici une question parlementaire quisuite à notre initiativea été posée par la députée Martine Stein-Mergen au ministre de transport Lucien Lux le 30 janvier 2007. La question s'agit du transport des déficients visuels accompagnés d'un chien guide d'aveugle et/ou d'une personne voyante dans les trains publics. La question a été posée en langue luxembourgeoise.


Chambre des Députés

Mardi30 janvier 2007 SÉANCE  19


Question N°144 du 30 janvier 2007 de Madame Martine Stein-Mergen relative à l'accompagnement des personnes aveugles détentrices d'une carte d'invalidité Cadressée à Monsieur le Ministre des Transports

>>> Mme Martine Stein-Mergen (CSV).

Här PresidentHär Transportministermeng Frënn vun der Association des amis et maîtres de chiens guides d'aveugles au Luxembourg hu mech op e Problem opmierksam gemaachdeen si am Moment mat der Eisebunn hunn. Ech wëll virausschéckendass si dësem Problem op kengem aneren öffentlechen Transportmëttel begéinenwell et e bëssen eng Fro vun Interpretatioun ass.

En fait ass d'Begleedung vun Handicapéierten am öffentlechen Transport geregelt iwwer e Règlement ministériel vum 2. Februar 2006wou virgesinn assdass: «La personne accompagnant une personne titulaire de la carte d'invalidité C» - dat ass bei Malvoyanten a Blannen de Fall - «bénéficie également de la gratuité du transport.» An: «Le chien accompagnant un aveugle est transporté gratuitement.»

D'CFL interpretéiert elo dësen Text esoudass entweder eng Persoun oder en Hond ka gratis matfueren. Elo ass et awer esoudass de Malvoyant oder de Blannendee gewinnt asssech mat sengem Hond ze déplacéierensech kann op dee verloossenfir Obstaclen aus dem Wee ze goen oder och e bësse sech am Verkéier erëmzefannenmä de Mupp ass net amstand erauszefanne wellechen Zuch op wellechem Quai fortfiertwéi eng Zuchendier opgeet - well do gëtt et verschidden Typen -wéini dass de richtegen Arrêt erreecht asswell en fait déi Meldungen iwwer Lautsprecher oft onverständlech sinn.

Dat kéint zwar vläicht de Lassiemä esou en Hond gëtt et leider net a Wierklechkeet. Et gëtt eng sechs bis aacht ausgebilte Blannenhënn hei zu Lëtzebuerg. Et geet also am Prinzip net ëm vill Suen.

Ech wollt och nach bemierkendass de Règlement ministériel mëssverständlech formuléiert asswell ënner engem «chien accompagnant un aveugle» kann een egal wellechen Hond verstoen. Et wier besserwann den Term géif duerch deen ersat ginndeen am Text iwwert d'Fleegeversécherung steetnämlech «le chien guide d'aveugles». Ech wéilt also den Här Transportminister froenob et méiglech assbei der CFL anzewierkenfir dass souwuel de Blannenhond wéi och eng Persoun dës visuell Handicapéiert kënne begleeden; ob et net méiglech wierden Text esou ze änneren an deem Sënnwéi ech elo grad gefrot hunn; an d'Blannenhënn bei där Geleeënheet och vum Droe vum Maulkuerf ze entbannenwell déi Hënn sinn alleguerten terribel brav an harmlos.

Ech soen Iech Merci.


>>> M. le Président.

MerciMadame Stein. Den Här Transportminister Lucien Lux.


>>> M. Lucien LuxMinistre des Transports.

Här PresidentDir Dammen an Dir Härenech si mat der Demandedéi hei formuléiert ginn ass vun der honorabeler Madame Stein d'accord an allen Hisiichten a wäert an der Tarifgestaltung deementspriechend mat der Eisebunn Kontakt ophuelen.


>>> Plusieurs voix.

Très bien!