Menü

Papperlapapp

01. Juli 2004

Papperlapapp

Papperlapapp
LGS Zeitung Nr. 10/2004 (01.07.2004)

WAAT HEESCHT HEI « KUCK MÉI WÄIT » ?

Eng flott Rencontre mat den « Amis et maîtres de chiens guides d'aveugles au Luxembourg »

Am leschte Joer hu mir d'Thema "eis Sënner" behandeltan do kënnt natierlech dann och "Gesinn" dra vir. Während e puer Versammlungen hu mir dëst Thema behandeltbis ee sot: "Ech gesinn dat NET!". An ob eemol war eist ganzt Thema a Fro gestallt.

"Kuck méi wäit" - dëst soll eist Thema fir déi nächst 2 Joer sinn. Mee waat aswann een net gesäitoder nëmme ganz schlecht? Fir ob dës Fro kënnen ze äntwertenhu mir eis mam Thema "Blann sinn" beschäftegt. Doropshin hu mir Kontakt mat den « Amis et Maîtres de chiens guides d'aveugles au Luxembourg » opgeholl. Dëst ass eng Associatioun dei probéiert Blanneféierhënn u blann Leitoder u Leitdéi ganz schlecht gesinnze vermëttelen.

Mir hun eis dunn den 24. Abrëll 2004 zu Beetebuerg am Homemat 5 Leit vun dëser Associatioun an 2 vun hieren Hënn getraff. Mir haten natierlech vill Froen an hunn nach méi Äntwerte kritt.

E Blanneféierhond muss eng speziell Ausbildung kréien. Leider gëtt et hei am Land keng Schoul dofir. Et muss een also an Frankräich goen.

Et ginn 3 haapt Rassendéi dofir am beschte gëeegent sinn: LabradorGolden Retriever an däitsche Schéiferhond. Den Kinnékspuddel gëtt gehollfalls een Allergien op den Pelz huet.

Mat 2 Méint mussen dës Hënn schonn hiren éischten Test maachen. Hei gëtt gekucktob si e Blanneféierhond kënne ginn oder net.

Tëschent 2 an 12 Méint kënnt den Hond an eng "Famille d'accueil". Hei gëtt en déi Grondsaachen geléiert (propper sinnfollegensozialen Ëmgank mat Leit ...).

Tëschent 12 an 18 Méint léiert en dann alleswat en als Blanneféierhond wësse muss: wéi wäit muss ee laanscht e Lutepotto goenfir dass déi blann Persoun net dra knuppt; wéi no um Bord vum Trootoir muss en sech sëtzen fir dass deendeen e féiertnet schonn hallef an der Strooss steet; wéi geet ee richteg mat sengem Meeschter d'Trap erop...

Déi meescht Blanneféierhënn si kastréiert/steriliséiertfir éventuellen domat verbonnenen Problemer aus dem Wee ze goen. Soss sin dës Hënn awer genee wéi all aaneren Hond och.

Natierlech muss och deendeen esou en Hond kritt an eng "Schoul". Hei léiert hienwei eng Kommandoen et ginnwéi hie mam Hond ëmzegoen huet an wat dem Hond säi Verhale sengem Meeschter wëll soen.

Et muss ee wëssendatt een esou en Hond nëmme krittwann engem doduerch den Alldag méi einfach gemaach gëtt.

Am Fong gëtt et kee Mindestaltermee wannda géif e bei 16 Joer leien. Leider gëtt et awer eng laang Wardezäit (2-3 Joer).

Am Ufank ass et schwéierfir sech op den Hond verloossen ze kënnen. Duerfir geet dann och déi éischt 14 Deeg dem Hond säin Trainer mat bei déi betraffe Persoun heem.

Wei gesäit elo esou een Alldag aus?

Den Hond ass vu muerges wou een opsteetbis oweswou een sech erëm leeë geetderbäi. Et ass net esoudatt den Hond alles eleng mécht. Hie brauch och Kommandoewei z.B. lénksrietsgéi... Dat wat den Hond méchtass ee ronderëm en Hindernis ze féiereneen ze warnen dass en Trottoir oder Trapen do sinn... .

Wärend senger Aarbeschtszäit huet den Hond den "Harné” un. Dëst ass eng Zort Grëffwou de Blannenoder deendee schlecht gesäit sech festhält. Domadder spiert en dannwat den Hond mechta wéi eng Richtung hie geetob hie stoe bleift... .

Den Hond as praktesch déi ganzen Zäit am Gaang ze schaffen. Sou muss hien zum Beispill e spezielle Kommando kréienfir datt hie spillen oder sech propper maache geet.

Den Hond gesäit natierlech netdatt et gréng assoder wéi ee Bus elo kënnt. Duerfir si blann Leit dann ob eis Hëllef ugewisen. Et soll een net den Hond heemelenoder him eppes ze iesse ginn. Si ginn doduerch ofgelenkt a kënnen hir Aarbecht net gutt maachen. Et kann een awer dee Blannen froenob een dat dierf. Et soll een och net e Blannen einfach upakenmee fir d'éischt mat him schwätzen.

Den Hond geet och mat opt d'Aarbescht. Hien dierf iwwerall goenoch dohinwou "normal” Hënn net däerfenwei z.B. bei e Metzler.

Si ginn esou guer mat an d'Vakanza wann ee mam Fliger flittass den Hond nieft sengem Meeschter.

E Blanneféierhond ass kee Wuechthond. Hie mécht näischt Béises. En ass net dofir op d'Haus opzepassenmee fir säi Meeschter ze "féieren”fir fir hien ze gesinn.

Et kascht näischt fir esou een Hond ze kréien. Dës Hënn gi gratis vun deene verschiddene Schoulen ausgebild an zur Verfügung gestallt. Eng Ausbildung kascht awer tëschent 15.000 € an 20.000 €. D'Schoulen an d'« Amis et Maîtres de chiens guides d'aveugles au Luxembourg » kënnen duerfir just duerch Spenden dëst erméigelechen.

Falls dir elo nach Froen hutt oder méi iwwert si wësse wëlltda gitt am beschten op hiren Internetsite : www.chienguide.org kucken.

Mir soen hinnen ob jiddefall e grousse MERCI fir dës flott Rencontre a wënschen hinnen nach vill Erfolleg.

AvEx vun Betebuerg

Galerie

6 Fotos