RTL Radio
RTL Radio 29.01.2021
De Blanneféierhond - Wei lieft et sech mat sou engem Hond?
Op dësem 29. Januar hu mer haut den Dag vum Blanneféierhond. Dofir interesséiere mir eis haut am RTL-Wecker fir d'Ausbildung vun sou engem Muppesma mir schwätzen awer och mat Leit déi op d'Hëllef vun engem Blanneféierhond ugewise sinn. De Loïc Juchem ass de Moien zu Rodange beim Roland Welter. Hien huet zanter 1998 sou en Hond.
"Chiens Guides dAveugles au Luxembourg sou heescht de Veraindeen hei zu Lëtzebuerg blanne Persounen hëlleft e Mupp ze fannen. Eise Live-Reporter wëll haut um Dag vun de Blannefeierhënn eppes iwwert déi Déieren an hier Ausbildung gewuer ginn. Nodems sou e Muppes schonn a jonkem Alter als geegent defineiert goufkënnt en vir dallereischt mol bei eng Familldei en awer just fir e Joer ophëllt. Während där Zäit gëtt en an enger extrae Blannenhondsschoul ausgebild a kënnt dann duerno bei eng blann Persoun. De Loïc Juchem am Gespréich mam Präsident vum Verainde Roland Welter.
E Blanneféierhond kéint een och net vun haut op muer fäerdeg ausbildendat ass e laange Prozessdeen och deier kascht. Een Hond kascht an der Moyenne 25.000 bis 30.000 Euro. Wichteg ass och nach ze wëssendatt all Hond wann en 8 Wochen al ass bei eng sougenannten "Famille d'Accueil" kennt an do bleift en da bisdatt en 1 Joer huet. Duerno fänkt dann de professionellen Deel un an de Mupp geet an d'Schoul. D'Blanneféierhënn ginn och all a Frankräich ausgebilt.
Fotos: © Juchem Loïc